A wi all Jar ware mir op der Cavalcade zu Dikrich mat eisem Stand vertrueden.
D’Nordstadjugend mecht am Kader vum Erasmus+ ee Projet wu aus Finnland, Spuenien, Italien, Eisterräich a Lëtzebuerg Jugendlecher sech selwer entdecke sollen. Dat Ganzt leeft ënnert dem Thema „Outdoor, a never ending activity“. Aus all Land komme 5 Jonker am Alter vu 15 – 18 mat engem Begleeder, su datt si zu 32 waren. Dëst Jar war et Sonndës 17. Juli zu Kolmer. Eis Aufgab war et, fir hinnen een Dag Dobaussen ze organisiieren, wu si gewise krute wéi een duerch verschidde Methode Feier mecht, wat Pakalu ass. Duerno koume puer Outdoor Spiller an ee Rally wou se Crashkueren kruten am Kaarteleesen, Spuereleesen a Geheimschrëfte kenne geliiert hunn.


Wëllkomm op der Homepage vun den Dikricher Guiden a Scouten.
Mir gehéieren zum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten a sinn op fir jidder Kand a Jugendlech, onofhängeg vun Nationalitéit oder reliéisen Iwwerzeegungen.
Matbestëmmung gëtt bei eis grouss geschriwwen. D’Kanner a Jugendlech decidéiere selwer wat sinn ënnerhuele wëllen. Et gëtt a klengen Equipë geschafft, wou jiddereen zu Wuert kënnt. Esou léieren si mat ze diskutéieren, am Grupp mat Aneren zesummen ze schaffen an no an no Verantwortung ze iwwerhuelen. Et geschitt keng Bewäertung an esou kann den Eenzelnen ouni Leeschtungsdrock sech a sengem Rhythmus entwéckelen. Déi Jonk gi begleed vun Erwuessenen a forméierte Chef/tainen, déi hir Aarbecht benevol an onendgeldlech duerchféieren.
Mir hoffen datt et angenehm ass, sech duerch eis Homepage ze klicken an datt Dir déi Informatioune fannt no deenen Dir sicht. Falls dëst net sou gutt giff klappen, kënnt Dir iech jo bei eis iwwert de Kontakt mellen. Mir si gäre bereet Iech weider ze hëllefen.